What you’ll hear and see
The artists
- Martina Menichetti concept
Dësen Atelier invitéiert d‘Duoen Erwuessenen-Kand dozou, Museksinstrumenter, Gesang, kollektiv musikalesch Kreatioun a villes méi ze entdecken. Um Programm vun dëser musikalescher Sessioun, déi vun der Musekspedagogin Martina Menichetti geleet gëtt, sti Spiller fir ze lauschteren a fir Kläng a Rhythmussen ze erfannen. Zil ass et, d’Kanner op eng flott a spilleresch Manéier fir d’Musek ze sensibiliséieren. "Martina's Music Box" Ateliere si voller Iwwerraschungen a ginn den Elteren d'Méiglechkeet, besonnesch Momenter vu Kreativitéit a Klangentdeckung mat hire Kanner ze deelen.